Umeldung

Fir dech fir eis Aktivitéiten unzemellen géi op  “Programm an Umeldung” a  klick einfach op “umellen” bei deenen Aktivitéiten déi dech interesséieren. Umelle kanns du dech da ganz einfach mat engem Online Formular oder mat dengem Benotzerkont. Klick hei fir e Benotzerkont ze erstellen.

Fir eis Aktivitéite kanns du dech awer och iwwer Fax, E-mail oder per Bréif umellen.

Fir all Umeldung brauche mir den Numm, de Virnumm, de Gebuertsdatum, d’Telefonsnummer an déi komplett Adress an vum Jonken dee wëll matgoen. Dofir rode mir dir och e Benotzerkont ze erstellen da brauchs du déi Daten net bei all Umeldung nees nei anzeginn.